BundestagAngela Merkel gouf als Bundeskanzlerin gewielt

Bal een halleft Joer no der Bundestagswahl huet sech d'Angela Merkel fir déi 4. Kéier zur Kanzlerin wiele loossen.

Leschten Update: 15.03.2018, 05:09:57

© dpa/AFP/File/Carmen Jaspersen

D’Angela Merkel ass och fir déi 4. Kéier nees als Bundeskanzlerin gewielt ginn, da ronn 6 Méint no de Walen an Däitschland.

D’CDU Politikerin krut am Bundestag, also dem däitsche Parlament 364 vun 709 Stëmmen, 355 wieren der néideg gewiescht.

E Mëttwoch de Mëtteg ass d'Vereedegung vun der aler a neier Bundeskanzlerin an awer och den anere Minister vun CDU/CSU an SPD virgesinn.