Nei Mesuren am Aarbechtsrecht15h d'Woch fir Studenten

D’Maximaldauer vu Studentenjobs gëtt erop gesat. Do dernieft komme méi präzis Reegelen, wann eng Persoun wéinst Krankheet ophale muss mat schaffen.

Leschten Update: 14.03.2018, 15:49:36

© pexels.com

D’Chamber huet en Dënschdeg de Wee fräi gemaach fir eng Rei vun neie Mesuren am Aarbechtsrecht. Ënnert anerem dierfe Studenten an Zukunft maximal 15 Stonnen d’Woch baussent der Schoulvakanz schaffen. Bis ewell loung de Maximum bei 10 Stonnen. Da sollen et an Zukunft méi präzis Reegelen fir d’Salaire ginn wann ee krank geschriwwen ass, an d’Aide au réemploi soll reforméiert ginn.

Links