Ongewéinlech StrofHC Strache muss sech 10 Deeg laang entschëllegen

Den éisträichesche Vize-Kanzler vun der FPÖ, den Heinz-Christian Strache muss sech no engem Sträit iwwert e Facebook-Post offiziell entschëllegen.

Leschten Update: 15.03.2018, 20:28:18

© afp

Zu enger dann dach éischter ongewéinlecher aussergeriichtlecher Eenegung koum et elo kierzlech tëscht dem éisträichesche Vizekanzler Heinz-Christian Strache an dem ORF-Moderateur Armin Wolf.

Grond vum Sträit war e Facebook-Post. De Heinz-Christian Strache hat hei eng Foto vum ORF-Moderator gepost an dobäi geschriwwen: „Es gibt einen Ort, wo Lügen und Fake News zu Nachrichten werden“, an dat wieren eben den ORF an de Facebook-Profil vum Armin Wolf, esou de Strache nach weider.

Wéi et elo heescht hätte béid Parteien sech drop gëeenegt, dass de Strache sech an der Boulevard Zeitung „Krone Zeitung“ 10 Deeg laang op sengem eegene Facebook-Profil entschëllegt.