DelhaizePlastikstécker a vegetareschem Hamburger

De Supermarché an de betraffene Fournisseur deele mat, dass d'Produiten ëm déi et geet aus dem Sortiment geholl goufen.

Leschten Update: 15.03.2018, 12:14:08

© delhaize

Bei enger Liewensmëttelkontroll ass dem Supermarché Delhaize opgefall, dass bei engem vu sengen eege produzéierten Hamburgeren, gro Plastikpartikelen dra sinn.

Wéi ee matdeelt kéimen d’Plastikstécker vun engem Fournisseur dee gefrueren Ënne liwwert. Wéi präziséiert gëtt, kéinten dës Stécker beim Ofschlécke geféierlech sinn, wëll se klengt a spatz sinn.

Et gouf dohier vu Säite vun Delhaize an dem Fournisseur "La vie est belle" decidéiert, déi betraffe Produite vun Delhaize Bio komplett aus dem Sortiment ze huelen.

© delhaize