LSAPGëtt de Romain Schneider Spëtzekandidat am Norden?

En Donneschdeg decidéiert d'Walkommissioun op déi am ganzen 9 Kandidaten zougelooss ginn.

Leschten Update: 15.03.2018, 07:15:41

© gouvernement.lu

D’LSAP proposéiert de Romain Schneider als Spëtzekandidat fir de Bezierk Norden .

En Donneschdeg den Owend muss d’Walkommissioun d’Kandidaten op dëser Lëscht just nach gutt heeschen.

Och den Dikrecher Buergermeeschter Claude Haagen steet ënnert anerem op der Lëscht.  Vun den am ganzen 9 Kandidate sinn 2 Fraen dobäi, de Recht si Männer.