Fall SkripalGroussbritannien gehäit 23 russesch Diplomaten eraus

Am Fall Skripal huet Groussbritannien elo nom Versträiche vum Ultimatum Mesurë géint Russland. An enger Woch mussen d'Diplomaten d'Land verlooss hunn.

Leschten Update: 15.03.2018, 05:10:01

© Adrian DENNIS / AFP

Nodeems Groussbritannien jo keng Äntwert op en Ultimatum géigeniwwer Russland am Fal Skripal kritt huet, huet d’Premierministesch Theresa May elo annoncéiert, wëllen am ganzen 23 russesch Diplomaten auszeweisen. Dat ganzt gouf kuerz virun 2 Auer am Parlament zu London annoncéiert.

Weider gouf annoncéiert, dass weder e Regierungsmember, nach e Vertrieder vum Kinnekshaus wäert op d’WM a Russland goen.

Hei geet et jo ëm en Gëftuschlag op den Ex-Duebelagent Sergej Skripal an deem seng Duerschter, déi am Spidol leien an deenen hiren Zoustand weiderhi kritesch ass.

Groussbritannien geheit Russland fir dësen Uschlag duerchgefouert ze hunn, an hat dem Land Zäit gi bis e Mëttwoch de Moie fir sech ze erklären, eppes dat jo net geschitt ass.