ZeienopruffMann klaut Fra Kreditkaart zu Bieles

Duerno hat de Mann sech mam Auto duerch d'Bascht gemaach, den Iwwerfall gouf awer direkt vun e puer Zeie beobacht.

Leschten Update: 15.03.2018, 09:25:36

Wéi d'Police matdeelt koum et de Samschdeg zu engem brutalen Iwwerfall zu Bieles an enger Bank an der Escher Strooss, dëst géint 11.30 Auer mëttes.

E bis ewell onbekannt Mann hat do enger Fra, déi wollt Suen ophiewen, d'Bankkaart aus der Hand gerappt. De Mann ass du fortgelaf an huet sech du mat engem Auto duerch d'Bascht gemaach.





Virum Bankomat wieren e puer Persoune gewiescht, déi dat ganzt matkritt haten. Ee Passant hat der Fra du geholl d'Bankkaart ze spären.

D'Police freet dofir d'Zeien, sech bei der Police vu Bieles ze mellen, ënnert der Nummer: 2445-2200.