Wanter-ComebackEt gëtt nees richteg kal zu Lëtzebuerg!

An den nächsten Deeg falen d'Temperaturen nees. De Weekend ass och nees mat Schnéi ze rechnen.

Leschten Update: 15.03.2018, 18:25:58

© www.pexels.com

Fréijoer zu Lëtzebuerg? Nach esou bal net, oder soe mir mol esou, mol ganz sécher net de Weekend!

Schonn de Start an den Donneschdeg Mueren ass mat Temperaturen ëm 0 méi kal wéi nach di Nuechte virdrun. Och d'Nuecht op e Freiden gëtt mat Temperature liicht ënner 0 nees méi frësch.

Esou richteg kal gëtt et dann awer am Laf vum Weekend. Russesch Polarloft bréngt Temperature bis -10 an der Nuecht!
Nieft de kalen Temperaturen déi et am Dag just nach liicht iwwer 0 eraus packen, ass vum Weekend un dann och ëmmer nees mat Schnéi a Schnéireen ze rechnen!

Ëmmerhin, eng gutt Nouvelle gëtt et. Vun e Méinden un gëtt et nees méi sonneg!

© Meteoprevisiounen www.meteolux.lu (lëtzebuerger Wiederdéngscht)