Dat kann deier ginnKanye West gëtt verklot

Dat kéint zimlech deier ginn: Dem Kanye West seng Kleeder-Firmen sollen een Tarnmuster vun enger anerer Entreprise geklaut hunn.

Leschten Update: 19.03.2018, 13:57:39

© AFP/Jewel SAMAD

Wéi di amerikanesch Online-Säit "TMZ" mellt, ginn dem Rapper Kanye West seng Kleeder-Entreprise verklot. Säi Konkurrent Jordan Outdoor huet eng Klo wéinst presuméiertem Plagiat agereecht. 

De Kanye soll een Tarnmuster, dat hie fir seng Kollektioune benotzt huet, geklaut hunn. 

Zil vun der Klo ass eng Geldstrof an ee Verkafsstopp vu senger Camouflage-Kollektioun.