BounewegSchëss gefall, Chauffer huet net iwwerlieft

Während enger Kontroll ass de Chauffer geflücht. Hie gouf vun engem Policebeamten ugeschoss an ass u sengen uerge Blessure gestuerwen.

Leschten Update: 12.04.2018, 19:40:59

© Police

Gréissere Policeasaz e Mëttwoch de Mëtte géint 16h00 zu Bouneweg. Enger Police-Patrull war ee Chauffer duerch säi Fuerstil opgefall. Wéi d'Beamten d'Gefier stoppe wollten, ass de Chauffer geflücht.

Kuerz drop ass ee Beamten aus dem Auto geklomm a huet dem Chauffer Zeeche gemaach, stoen ze bleiwen. Dësen ass op de Polizist duer gefuer, wouropshi Schëss gefall sinn. De Chauffer gouf blesséiert, huet d'Kontroll iwwert säin Auto verluer an ass an ee Bam gerannt.

De Chauffer huet dëst net iwwerlieft an ass u sengen uerge Blessure verstuerwen.

Op Uerder vum Parquet ass d'Generalinspektioun vun der Police mat der Enquête chargéiert ginn. Op der Plaz waren ënnert anerem de Samu an d'Beruffspompjeeën aus der Stad.

© Police