
© Police
Schrot Accident e Sonndeg Nomëtten op der Streck tëscht Veianen an Nuechtmanescht. Wéi et heescht soll e Motocyclist an der Kéier op d’Spuer vum Géigeverkéier gerode sinn a mat engem Auto kollidéiert sinn. De Mann gouf dobäi déidlech blesséiert.

D’Rettungsdéngschter, de Miess- an Erkennungsdéngscht waren op der Plaz, souwéi och de "Groupe de support psychologique."