EU-KommissiounCarte ID EU-wäit mat digitalem Fangerofdrock?

D'EU wëll hir Anti-Terror-Mesure verschäerfen. Et soll een neie Pak virgestallt ginn. Dora geet et och ëm d'Carte ID: Fangerofdréck kéinte Flicht ginn.

Leschten Update: 16.04.2018, 17:58:50

© AFP/JOHN THYS

Op de Carte Identitéeën sollten an Zukunft an all den EU-Staaten een digitale Fangerofdrock a weider biometresch Date sinn. Den EU-Innekommisär Avramopoulos sot géintiwwer der "Welt"-Zeitung, dass et fir Terroristen a Krimineller sou méi schwiereg wier, Dokumenter ze fälschen. D’EU misst d’Schrauwen zéie bis et kee Raum a keng Mëttel méi géife ginn, fir Attacken duerchzeféieren. A verschidden EU-Länner ass de Fangerofdrock op de Carte Identité jo fräiwëlleg.