Police sicht ZeienDéidlecht Accident tëscht Viichten-Biissen

Nom déidlechen Accident de Moien op der Streck tëscht Viichten-Biissen mécht d0Police elo en Zeienopruff. Eng Persoun huet net iwwerlieft.

Leschten Update: 17.04.2018, 16:01:05

© Police grand-ducale

Wéinst dem déidlechen Accident e Méindeg de Moien op der Streck tëscht Biissen a Viichten mécht d'Police elo en Zeienopruff. Persounen déi de Moie géint 10 vir 8 op der Plaz vum Accident waren, sollen sech beim 113 oder der Police vu Réiden (+352 244 92 - 500)  mellen. Den Opruff riicht sech och speziell un d'Persoune vun enger Camionnette, wahrscheinlech vun enger Baufirma, déi kuerz virum Accident op der nämmlechter Stréck ënnerwee waren.


D'Accident war jo e Méindeg de Moie kuerz virun 8 Auer op der Streck tëscht Biissen a Viichten. Eng Automobilistin war vu Biissen op Viichten ënnerwee, wéi hir ee Motocyclist entgéint koum dee probéiert huet ee Minibus z’iwwerhuelen. Dobäi kruten sech den Auto an de Moto ze paken. Den Motocyclist gouf doropshin nieft der Strooss an d’Wiss geschleidert. De Mann, een 30 Joer alen Awunner vu Groussbus  ass kuerz nom Accident op der Onglécksplaz gestuerwen.

D’Fra am Auto ass op d’Géigespur geroden an dobäi frontal an de Minibus gerannt. Si gouf schwéier blesséiert. Am Minibus waren nieft dem Chauffeur nach 3 Schoulkanner. Si koumen fir eng Kontroll an d’Spidol. Op Uerder vum Parquet war de Miess-an Erkennungsdéngscht op der Plaz.

© Police grand-ducale

© Police grand-ducale

© Police grand-ducale

© Police grand-ducale