Trotz héijem SécherheetsrisikoD'Saarland a Rheinland-Pfalz kloen net géint Cattenom

D'Saarland a Rheinland-Pfalz wäerte keng Plainte géint di ëmstridden Atomzentrale vu Cattenom maachen.

Leschten Update: 17.04.2018, 08:43:56

© afp

D'Saarland a Rheinland-Pfalz maache keng Plainte géint d‘Atomzentrale zu Cattenom. Dat hunn déi zoustänneg Instanzen vun den zwee Bundeslänner haut matgedeelt. D'Atomzentrale wier zwar ee grousse Risiko fir déi ganz Regioun, eng Plainte dogéint hätt awer wuel nëmme wéineg Succès. A Frankräich musse fir sou Fäll konkret Beweiser fir Sécherheetsrisike virleien. Sou Beweiser ze liwweren géif awer vill kaschten a wuel Joren daueren, soen d'Politiker.