Op der belscher E411Camion huet Faarf verluer

Um Méindeg huet ee Camion Faarf verluer. Well aktuell d'Strooss gebotzt gëtt, ass just eng Spur fir de Verkéier op.

Leschten Update: 17.04.2018, 16:45:31

© Pexels

Wéi d'CITA schreift, ass et op der belscher E411 a Richtung Bréissel zu engem Accident komm. Tëscht Arel an Habay huet op der Héicht vun Hachy ee Camion seng Faarf verluer. Déi riets Bunn war eng gutt Zäit zou, well d'Strooss gebotzt gouf. De Stau war bis zu 16 Kilometer laang.