Keng BlesséierterAuto zu Käl stoung a Flamen

Wéi den CISKT schreift, koum et e Méindeg de Moien zu engem Autosbrand zu Käl. Et ass bei Materialschued bliwwen.

Leschten Update: 17.04.2018, 12:10:34

© CISKT

E Méindeg an de fréie Moiesstonne stoung en Auto an der Escher Strooss zu Käl a Flamen. D'Gefier stoung an enger Afaart vun engem Haus an hat aus ongekläerter Ursaach Feier gefaangen. De Brand war awer séier ënner Kontroll an ass bei Materialschued bliwwen. Op der Plaz waren ënnert anerem d'Rettungsdéngschter vu Käl-Téiteng an d'Police vun Esch.

© CISKT