Jonk LëtzebuergerinBekifft hannert dem Steier

Eng Studentin war vu Lëtzebuerg aus ënnerwee fir op d'Uni an Däitschland. Dat awer net niichter... D'Automobilistin hat gekifft.

Leschten Update: 17.04.2018, 17:39:47

© Pexels

Eng 24-järeg Studentin aus Lëtzebuerg ass leschte Samschdeg ënnerwee fir an Däitschland vun der Police kontrolléiert ginn, wou sech erausgestallt huet, datt d'Automobilistin Cannabis consomméiert hat.  E Drogeschnelltest war positiv. Beim Duerchsiche vum Gefier hunn d'Beamten eng Béchs mat Cannabis a weider Utensilie fonnt. Déi jonk Fra huet zouginn, méi dacks Drogen zou sech ze huelen. D'Studentin gouf protokolléiert a et kann och nach ee Fuerverbuet nokommen. De Frënd ass spéider mam Auto weider gefuer. Hien hat keng Drogen zou sech geholl.