BelschAutomobilist gëtt geblëtzt....mat bal 700 km/h

An der Belsch gouf een Automobilist an enger 50er Zon mat 696 km/h geblëtzt.

Leschten Update: 08.05.2018, 19:15:23

© Eldoradio (Foto vun engem Radar zu Lëtzebuerg)

Net schlecht gestaunt huet ee belschen Automobilist wéi hien ee Protokoll heem geschéckt krut. Hie gouf am Abrëll am belschen Quiévrain an enger 50er Zon mat net manner wéi 696 km/h geblëtzt. Wéi belsch Zeitunge schreiwen, huet den Automobilist d’Vitess vun engem Fliger op der Radar-Affiche, nëmmen duerch ee Feeler vun der Police erreecht. Riets ass vun engem "Kodéierungsfeeler". Wéi sech erausgestallt huet, war den Automobilist mat sengem Opel Astra also net mat 696 km/h ënnerwee, mä mat 60 km/h. Hien hat also 10 km/h ze vill drop.