A PolenCamion verléiert 12 Tonne Schockela op der Autobunn...

... a verwandelt d'Strooss an eng riseg Tablett Schockela! Dem Camionschauffer ass bei dësem spektakulären Accident näischt geschitt.

Leschten Update: 11.05.2018, 17:36:28

© STR / TVN / AFP

Bei engem Accident a Polen huet haut e Camion ronn 12 Tonne flëssege Schockela op der Autobunn verluer. Aus nach ongekläerte Grënn ass de Camion géint eng Leitplank gefuer an doropshin ëmgekippt. De flëssege Schockela huet sech zu enger 5 Zentimeter haarder Schicht op der Strooss entwéckelt. D'Pompjeeën op der Plaz soten, d'Autobunn géing wéi eng riseg Tablett Schockela ausgesinn, d'Opraumaarbechte gestalten sech also als schwiereg. De Camionschauffer gouf net blesséiert.