Chauffer war a Gefier ageklemmtCamion an Haus zu Kanech gerannt

Zu Kanech ass e Méindegmoie kuerz virun 08h00 e Camion an en Haus gerannt. D'Streck tëscht Kanech a Beyeren war e puer Stonne gespaart

Leschten Update: 15.05.2018, 14:25:21

© Police Grand-Ducale

Zu Kanech ass e Méindeg de Muere géint 8 Auer ee Camion an der rue de la Fontaine an een Haus gerannt. Dat Ganzt ass am Agang vum Duerf geschitt. De Chauffer vum Camion huet aus sengem Gefier missen erausgeschnidde ginn. D’Streck tëscht Kanech a Beyeren ass nees op.