Police warntFalsch Polizisten a falsch Gemengenaarbechter ënnerwee

Am Süde vum Land gouf eng eeler Fra vun engem falsche Polizist an engem falsche Gemengenaarbechter ausgetrickst.

Leschten Update: 16.05.2018, 07:35:32

© Eldoradio

D’Police warnt nees viru falsche Polizisten a falsche Gemengenaarbechter déi un d’Diere schelle ginn. Fir d’lescht hunn Onéierlecher am Süde vum Land zougeschloen.

Wéi d’Police schreift, ass eng eeler Damm déi an der Rue de Belvaux zu Esch wunnt, de leschte Freideg zwee Männer zum Affer gefall. Géint 08h20 huet ee Mann un hirer Hausdier geschellt a sech als Gemengenaarbechter ausginn. Dësen huet der Fra erkläert dat hien de Waasserzieler ofliesen an d’Waasserleitunge kontrolléiere misst. D’Affer huet sech näischt dobäi geduecht an de Mann an d’Wunneng gelooss.

Wéi se bei de Keller komm sinn, koum op ee mol een zweete Mann. Dësen huet behaapt Polizist ze sinn an huet ee gefälschten Ausweis gewisen. Hien huet der Fra erkläert, dat et sech ëm beim Gemengenaarbechter ëm ee Kriminelle géing handelen an dat hien de Mann misst festhuelen. Dunn huet de falsche Polizist säi Kompliz am Keller gelooss an d'Fra gefrot ob si Wäertgéigestänn am Haus, respektiv ob si ee Safe hätt. Wéi si him dëse gewisen huet, hat de falsche Gemengenaarbechter schonn alles wat dra war, geklaut. Duerno sinn déi zwee Trickdéiwe geflücht.

De falsche Polizist war zivil gekleet, hat eng donkel Jackett an eng Mutz un an huet Franséisch a Lëtzebuergesch geschwat an hat ee Brëll un. De falsche Gemengenaarbechter hat eng Sécherheetsuniform, Schong an ee bronge Pullover un.

D'Police erënnert drun dat all Polizist Lëtzebuergesch schwätzt a sech mat engem Déngschtausweis mat Foto ausweise kann. Et kann ee bei d’Police respektiv an dee Kommissariat uruffe wou dee behaapt hir ze kommen an nofroen. Dat selwecht gëllt fir Gemengenaarbechter oder soss Entreprisen.

Ass een sech onsécher, sollt een den 113 ruffen. Well d’Täter sech dacks eeler Persounen eraus siche fir auszetricksen, sollte Familljememberen hir Elteren a Grousseltere wéi Senioren aus dem Ëmfeld dann ëmmer nees op d’Geforen opmierksam maachen, esou d'Police.