Zeienopruff agestalltFlüchtege Mann gouf vun der Police immobiliséiert

D'Police konnt de Mann, deen op der Flucht war, kuerz Zäit nom Zeienopruff fannen an immobiliséieren. Hien hat en Auto geklaut.

Leschten Update: 16.05.2018, 14:39:06

© ELDO

Wéi d'Police um Dënschdeg Nomëtteg mellt, ass de Mann, deen am Raum Éileng-Recken-Wickreng op der Flucht war, fonnt ginn.

Hien hat en Auto geklaut an ass spéider domadder verongléckt.

Nom Accident ass e geflücht a gouf elo vun de Policebeamten immobiliséiert. Den Zeienopruff ass domadder agestallt ginn.