Eddi Hotel MamaLëtzebuerger wunne bis 22 Joer bei den Elteren

Domadder positionéiert sech Lëtzebuerg ganz wäit vir am Ranking. Den EU-Duerchschnëtt läit bei 26 Joer, zu Malta plënnert de Gros eréischt mat iwwer 30.

Leschten Update: 16.05.2018, 17:26:15

© Pexels

Enger neier Statistik vun Eurostat no, géife jonk Lëtzebuerger gäre fréi vun doheem erausplënneren. D'Moyenne läit EU-wäit bei 26 Joer, am Grand-Duché plënnert e jonken Erwuessene mat ongeféier 22 Joer a seng eege 4 Wänn.

Déi eenzeg Länner viru Lëtzebuerg sinn Dänemark op Plaz 2 a Schweden op der 1.

Ëmgedréit gesäit et dann an der Slowakei, a Kroatien an zu Malta aus: An deene Länner plënneren déi meescht Jonk eréischt mat iwwer 30 vun doheem fort. 2016 waren et op EU-Niveau 28,5% vun de 25- bis 34-Järegen, déi nach doheem gewunnt hunn.

Déi genee Zuelen ginn et hei!