Pëtrol zu LëtzebuergReserve fir 8 Deeg op nationalem Terrain

Weider ginn et Reserven, déi fir Lëtzebuerg geduecht sinn fir weider 37 Deeg am Ëmkrees vun 230 Kilometer ronderëm Lëtzebuerg.

Leschten Update: 17.05.2018, 06:40:31

© Google Maps

Fir den Ausbau vum bestoenden Tanklager am Hafe vu Mäertert ginn et Pläng, eng offiziell Demande fir eng Kommodo Autorisatioun gouf awer vun der Firma Tanklux nach net agereecht. Dat geet aus der Äntwert vun de Ministere François Bausch an Etienne Schneider op eng parlamentaresch Fro vum ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser ervir.

Wat d'Stocke vum Pëtrol ugeet, do gesäit eng EU-Direktiv vir, dass all Memberstaat op mannst Sécherheetsreserve fir 90 Deeg muss op Stock halen.

Fir de Grand-Duché ginn déi zu 81% am Ausland gehalen. Wann déi awer duerch verschidde Grënn net méi erreechbar wieren, da géif de Moment nëmmen eng Reserve fir ronn 8 Deeg um nationalen Terrain zur Verfügung stoen.

Pëtrol fir d'Land bis zu 37 weider Deeg ze versuerge wier iwwerdeems an engem Rayon vun 230 Kilometer ronderëm d'Land stockéiert.