Neit DéiereschutzgesetzFir de Mouvéco ginn et Defiziter

Fir de Mouvement Ecologique bleift dat neit Déiereschutzgesetz wäit hannert den Erwaardungen zréck.

Leschten Update: 17.05.2018, 06:40:38

© afp archiv

Dësen Donneschdegmuere gëtt an der Chamber iwwert dat neit Déiereschutzgesetz ofgestëmmt. Fir de Mouvement écologique bleift den Text awer wäit hannert den Erwaardungen zréck. De Begrëff vun der Dignitéit vum Déier wär net genuch definéiert, schreift de Mouvéco an engem Communiqué. Et géifen och Mindestkritäre feelen, wéi verschidden Notzdéiere misste gehale ginn. 

Nach wär et awer net ze spéit, sou de Mouvement Ecologique. Iwwer groussherzoglech Reglementer kéint nach nogebessert ginn.