StadNo Abroch a Container goufen 2 Männer festgeholl

Op engem Chantier um Boulevard de la Petrusse an der Stad goufen zwee Männer festgeholl. Si waren an ee Container agebrach.

Leschten Update: 17.05.2018, 15:27:29

© AFP

An der Nuecht op e Mëttwoch huet d'Police zwou Persoune festgeholl, déi op engem Chantier um Boulevard de la Petrusse an der Stad an ee Container agebrach waren. En Zeien hat d'Police iwwert den Abroch informéiert. Wéi d'Beamten op d'Plaz koumen, huet ee vun de Männer probéiert, sech duerch d'Bascht ze maachen. Hie konnt awer vun de Polizisten immobiliséiert ginn. Den 2. Mann ass an engem Haus, wat den Ament renovéiert gëtt, festgeholl ginn an eng Plainte gouf och gemaach. Wisou déi zwee Männer an de Container agebrach si, gouf net kommunizéiert.