TrauerRegierung gedenkt dem Staatssekretär Camille Gira

E Mëttwochowend koum déi traureg Nouvelle, datt de Staatssekretär am MDDI de Camille Gira gestuerwen ass. Am Staatsministère läit e Kondolenzbuch.

Leschten Update: 29.05.2018, 07:11:03

© RTL

Wéi et an engem Schreiwes vum Staatsministère um Donneschdegmueren heescht, soll all ëffentlecht Gebai wéinst dem Dout vum Staatssekretär Camille Gira d'Fändelen op Hallefmast maachen, dat nach bis e Samschdeg de 19. Mee. D'Seance vum Staatsrot vun e Freideg gouf och annuléiert. D'Regierung wäert sech versammele fir dem Camille Gira ze gedenken. Vun en Donneschdeg u wäert dann och e Kondolenzbuch am Staatsministère opgestallt ginn, dat fir de Public accessibel ass.

Le gouvernement en deuil suite au décès de Camille Gira (17.05.2018)

Communiqué par: ministère d'État

Suite au décès du secrétaire d’État au Développement durable et aux Infrastructures, Camille Gira, le gouvernement est en deuil.

Ainsi, le gouvernement invite les bâtiments et édifices publics à mettre leurs drapeaux en berne et ce dès ce jeudi 17 mai 2018 jusqu'au samedi 19 mai 2018.

La séance du Conseil de gouvernement du 18 mai est annulée. Le gouvernement se réunira pour rendre hommage au défunt.

Un livre de condoléances sera ouvert dès aujourd’hui, afin de permettre à tous celles et ceux qui le souhaitent, de venir témoigner de leur sympathie et de rendre un dernier hommage à Camille Gira. Le livre de condoléances sera accessible le jeudi 17 mai de 14 à 18 heures, le vendredi 18 mai de 8 à 18 heures et le samedi 19 mai de 10 à 16 heures au ministère d’État, 4, rue de la Congrégation à Luxembourg-Ville.



De Staatssekretär am Ëmweltministère de Camille Gira ass dout. Hien hat e Mëttwoch de Mëtten an der Chamber während enger Ried ee Malaise gemaach. Méi spéit am Owend koum dunn déi traureg Nouvelle, dat de grénge Politiker am Alter vun 59 Joer gestuerwen ass.

D'Chamber deelt an engem Communiqué mat dat d'Sëtzung um Donneschdeg ausfält.

Madame, Monsieur,

"D’Chamber ass déif getraff. Nodeem de Staatssekretär Camille Gira an der Plenière zesummegaangen an duerno verscheet ass, ass d’ëffentlech Sëtzung vun Donneschdeg ofgesot. Dat huet de Chamberpresident Mars Di Bartolomeo zesumme mat de Fraktiounscheffen decidéiert, aus Respekt virun de Gefiller vun der Famille, vun de Frënn an all senge Kollegen.

D’Chamber dréckt der Famille vum Camille Gira hiert éierlecht an déifste Matgefill mat."

La séance publique de jeudi après-midi est reportée.





























Reaktioun vun der Lëtzebuerger Handballfederatioun:

D'Lëtzebuerger Handballfederatioun an déi gesamt Lëtzebuerger Handballwelt ass an déiwer Trauer.

Haut huet eis d'Nouvelle getraff, dass eise fréiere President vun 2008-2013, de Camille Gira, eis vill ze fréi verlooss huet. De Camille huet zu eiser Handballfamill gehéiert an huet mat ganz vill Engagement versicht an de Jore vu senger Presidence den Handball ze promouvéieren. Hien war bis zum Schluss der Federatioun an dem Handball déif verbonnen, an seng Ënnerstëtzung fir eis Nationalequipe war ëmmer grouss.

De Camille wäert eis feelen, als Gespréichspartner a kompetenten Handballenthusiast. Mir drécke senger ganzer Famill eist häerzlechst Bäileed aus.
Camille rou a Fridden.
#mirsinnhandball #mirsinntrauereg



Le gouvernement a le triste devoir d’annoncer le décès du secrétaire d’état au développement durable et aux infrastructures, Camille Gira (16.05.2018)
Communiqué par: ministère d'État

Le gouvernement a l’immense tristesse de faire part du décès de l’un de ses membres, le secrétaire d’état au développement durable et aux infrastructures, Camille Gira. Le décès soudain et inattendu est intervenu dans la soirée du 16 mai 2018.

« Dans ses mandats politiques, que ce soit au niveau communal ou au niveau national, Monsieur Gira a toujours fait preuve d’un dévouement exemplaire. Il s’est également engagé tout au long de sa carrière politique pour les valeurs fondamentales de tolérance, de solidarité et de respect. Outre cet engagement, il a été un porte-parole passionné par ses convictions écologiques, notamment la protection des ressources naturelles et l’environnement » a déclaré le Premier ministre, ministre d’État, Xavier Bettel.

Anéantis par cette nouvelle, le Premier ministre présente au nom du gouvernement, ses sincères condoléances à son épouse et ses deux fils ainsi qu’à toute sa famille et ses proches.