An der Stad an zu SteeselClient gëtt a Buttek ugegraff, Stalker brécht an Haus an

D'Police hat gëschter am Nomëtteg an am spéiden Owend méi ze dinn. An der Stad ass e Client aggresséiert ginn, zu Steesel gouf an en Haus agebrach.

Leschten Update: 25.05.2018, 17:02:34

© Eldoradio

Louvignysgaass an der Stad:
En Donneschdeg ass et géint hallwer 5 am Nomëtteg zu engem Tëschefall an der Louvignysgaass an der Stad komm. An engem Buttek ass e Client vun engem anere Mann ouni Grond ugegraff a geschloe ginn. De Buttek selwer gouf bei dësem Ugrëff och beschiedegt. Den Täter huet sech duerch d'Bascht gemaach a gouf awer spéider op Uerder vum Parquet festgeholl. Hien koum de Moie bei den Untersuchungsriichter, deen en Haftbefeel géint hien erlooss huet.

Rue de la Forêt zu Steesel:
Um Donneschdegowend ass et géint 22h30 zu engem Tëschefall vu Stalking zu Steesel an der rue de la Forêt komm. Eng Fra hat d'Police alarméiert, well e Mann virun hirer Dier géif stoen a non-stop schelle géif. Hien hätt si schonn zënter Méint gestalkt. Spéider wier de Mann dunn och bei der Schwéiermamm doheem agebrach wier. Op der Plaz sinn d'Policebeamten op de Mann getraff, deen ze déif an d'Glas gekuckt hat. Hie krut d'Handschellen un a koum e Freidegmoie bei den Untersuchungsriichter.