Streike gi weiderFranséische Staat wëll Scholde vun der SNCF iwwerhuelen

Wéi de franséische Premier e Freideg sot, géif de Staat d'Scholde vun der franséischer Eisebunnsgesellschaft SNCF iwwerhuelen.

Leschten Update: 26.05.2018, 06:43:59

© AFP/Archives/LUDOVIC MARIN

De franséische Staat wëll d'Scholde vun der Eisebunnsgesellschaft SNCF an Héicht vu 35 Milliarden Euro iwwerhuelen, sou heescht et vum franséische Premier Edouard Philippe no enger Entrevue e Freideg mat de Vertrieder vun der SNCF.

Sou géif de Staat 25 Milliarden Euro am Joer 2020 iwwerhuelen a nach eng Kéier 10 Milliarden 2022. D'Scholde belafen sech den Ament op ronn 55 Milliarden Euro.

D'Gewerkschaften hunn schonn ugekënnegt, mat de Streike weider ze maachen.