A13 tëscht Helleng a FréisengCamion a Brand, riets Bunn nees op

Op der A13 hat e Camion gebrannt. Dësen ass net méi op der Plaz an déi riets Spure si nees op. Den Tapis gouf hei gefléckt.

Leschten Update: 25.05.2018, 17:57:50

© Domingos Oliveira / RTL Télé Lëtzebuerg

E Freideg am Nomëtteg hat op der A13 tëscht Helleng a Fréiseng e Camion gebrannt. Dësen ass net méi op der Plaz, déi riets Spur wéi och d'Pannespur waren de ganzen Nomëtteg gespaart. Wéi et vun der CITA heescht, wieren dës awer zënter 17h30 nees fir de Verkéier op.

De Stau léisst sech also lues a lues op.
© Domingos Oliveira / RTL Télé Lëtzebuerg