Crash vum Vol MH17Russland weist all Responsabilitéit zréck

De russesche President Wladimir Putin huet eng Verantwortung vu Moskau fir den Ofschoss vum Vol MH17 iwwert der Ukrain zréck gewisen.

Leschten Update: 26.05.2018, 18:03:24

© afp

Russland huet eng Verantwortung  fir de Crash vum Vol MH17 iwwert der Ukrain zréck gewisen, Et hätt sech sécher net ëm eng russesch Rakéit gehandelt, sot de President Wladimir Putin. D’Enquête déi grad publizéiert  gouf, wier net kredibel an ausserdeem géingen et verschidde Versiounen zum Virfall ginn.

De Vol MH17 war am Juli 2014 um Wee vun Amsterdam op Kuala Lumpur iwwert der Ukrain vun enger Rakéit ofgeschoss ginn. Aus engem neie Rapport geet ervir, dass di agesate Rakéit vum russesche Militär staamt.