Schwäizer JustizKeng Enquête géint de Michel Platini

De Michel Platini brauch keng Enquête duerch di Schwäizer Justiz ze fäerten. 

Leschten Update: 26.05.2018, 17:19:16

© afp

Géint de fréieren UEFA-President Michel Platini wäert di Schwäizer Justiz keng Ermëttlungen ophuelen. Dat schreift d’Dageszeitung Le Monde a berifft sech op e Schreiwes vun de Schwäizer Autoritéiten un den Affekot vum Fransous.

Wéinst enger dubiéiser Milliounen-Iwwerweisung war de Platini, parallel zum fréieren FIFA-President Sepp Blatter, zu enger 8 Joer laanger Spär veruerteelt ginn. Mëttlerweil gouf d’Strof reduzéiert.