Nei EcoboxVerbëtze vu Liewensmëttel reduzéieren

Mat der neier Ecobox sollen direkt 2 Problemer ugepaakt ginn: Eemol d'Verbëtze vu Liewensmëttel an eemol de Plastiksoffall.

Leschten Update: 31.05.2018, 14:45:52

© SuperDrecksKëscht

68'000 Tonne Liewensmëttel, dat sinn 124 Kilo op de Kapp, ginn all Joer zu Lëtzebuerg ewechgehäit. Fir dëse Problem unzegoen huet den Ëmweltministère en Donneschdeg, zesumme mat senge Partner, der Horesca an der SuperDreckskëscht, de Projet „Ecobox“ virgestallt.

Mat der neier Ecobox sollen direkt 2 Problemer ugepaakt ginn: Eemol d'Verbëtze vu Liewensmëttel an eemol d'Reduktioun vu Plastiksoffall.

Mikrowell, Killtruh, Spullmaschinn an Tomatenzooss

D'Ecobox ass eng gréng Schossel mat Deckel aus Plastik, entweder mat 500 oder 1000 Milliliter. Et kann een se an d'Mikrowell stellen, se ass resistent géintiwwer vu Saier, d.h. et kann een z.B. Tomatenzooss afëllen ouni dass de Plastik verfierft an d'Spullmaschinn an d'Killtruh sinn och kee Problem.

© SuperDrecksKëscht


Wéi d'Ministesch Carole Dieschbourg erkläert, sollen domat déi klassesch sougenannten Doggy-Bags aus Plastik Geschicht sinn.

Lauschtert hei de ganze Reportage!


Kautiounssystem fir 5 Euro

Ma wat ass da besonnesch doru wäert elo deen een oder anere sech froen. Ganz einfach: De Projet ronderëm mécht d'Konzept eréischt komplett. All Restaurant, dee matmécht, deen huet dann e Logo, fir de Leit ze weisen, dass et do eng Ecobox kritt.

De Client bezilt da 5 Euro fir eng Këscht. Wann ee fäerdeg ass, da kann en se zeréckginn a kritt d'Suen zeréck oder et hält een d'Box. An dat spuer nieft Offall och Suen, esou d'Cheryl Klemens vun der SuperDreckschkëscht.

© Eldoradio

Onproblemateschen Austausch a Recyclage

Wann een se zeréckgëtt, da gëtt se am Restaurant gespullt a wann se emol sollt futti goen, dann ass dat och kee Problem.

© SuperDrecksKëscht

Dat passend Läffelsgeschir kann een och fir 10 Euro kafen. Op mannst 46% vun den Offäll kéinten dem Ministère no mat esou Demarche verhënnert ginn. Op d'Lëtzebuerger Populatioun gerechent sinn dat eng 10'640 Tonne Liewensmëttel-Offäll, dat wieren 3 Poubelles-Camionen den Dag.





Links