Diddelenger A3 nees opChaos op de Stroosse wéinst dem ville Reen

E Méindeg hat et a ganz Lëtzebuerg nees zolitt gereent. D'Autobunn A3 huet wéinst Iwwerschwemmungen missen zäitweis gespaart ginn.

Leschten Update: 12.06.2018, 17:15:28

D'Diddelenger A3 am fréie Méindegowend. D'Pompjeeë ware bis 22h00 am Asaz. © CID Centre d'Intervention Dudelange

Meteolux hat och fir e Méindeg nees eng "alerte orange" eraus ginn. Scho vun 14h00 un hat sech den Himmel zougezunn an et ass gro ginn. Et si kräfteg Schaueren duerch d'Land gezunn, déi op ville Plazen Aquaplaning provozéiert hunn.

Vill Stroosse stoungen ënner Waasser. Ënnert anerem war d'Diddelenger A3 a Richtung Frankräich komplett gespaart, d'Pompjeeë goufen op d'Plaz geruff fir d'Waasser ofzepompelen. D'Police hat kuerz no 19h00 ugefaangen déi Gefierer, déi festhoungen, vun der Autobunn erof ze guidéieren. Géint 22h00 owes gouf et dunn Entwarnung vun der Police, datt d'Autobunn nees fir de Verkéier op ass. Op villen aneren Stroossen ass et och zu Stau komm, well déi meescht Plazen iwwerschwemmt waren.














Verschidde Chaufferen hate souguer op der Autobunn Demi-Tour gemaach. Den 112 hat rappeléiert, datt dëst ënnert kengen Ëmstänn erlaabt ass.

D'Beeforter Gemeng hat och eng Warnung erausginn. D’Awunner zu Déiljen an um Cloosbierg goufen dozou opgeruff, kee Krunnewaasser ze drénken, ausser d’Waasser ass am Viraus 10 Minutte laang ofgekacht ginn. Um Dënschdeg heescht et an engem Schreiwes, datt ee weider op kee Fall Krunnewaasser drénken duerf. Et géif een d'Verdeelung vu Waasserfläschen organiséieren. Luxair hat och viru méigleche Retarde gewarnt.




© Eldo Mobile Reporter

© Eldo Mobile Reporter


Wéi et an engem Schreiwes vum Waasserwirtschaftsamt heescht, sollen déi héich Peegelen vun de verschiddene Baachen, Flëss a soss Gewässer en Dënschdeg am Nomëtteg nees zeréckgoen. En Dënschdeg de Moien ass nämlech nach mat weidere Reeschaueren ze rechnen.




De Wiederdéngscht hat schonn e Sonndeg den Owend virun Onwiederen respektiv villem Reen gewarnt. Wéi den 112 schreift, goufen et 6 Uriff wéinst den Onwiederen. 6 mol wier een ënnert anerem an der Regioun Buerschent-Branebuerg wéinst iwwerschwemmte Kelleren am Asaz gewiescht.