WM Orakel 2018Achilles vu St. Péitersbuerg soll Matcher viraussoen

Eng Kaz aus dem Konschtmusée vu Sankt Péitersbuerg soll elo d'Wënner vun de Matcher wärend der Weltmeeschterschaft erroden.

Leschten Update: 14.06.2018, 07:14:30

© Peter Kovalev / TASS

Zu Sankt Péitersbuerg soll d'Kaz Achilles aus dem Konschtmusée vun der Stad d'Resultater vun de WM-Matcher erroden.

Wéi seng Veterinärin behaapt, kéint d'Kaz méi neutral Entscheedungen treffe well se daf wier.

Dat ganzt fonctionnéiert wéi d'Joren virdrun - d'Déier ka vu 2 Fudderschosselen déi mat de Fändele vun de jeeweilege Kontrahente markéiert sinn wielen, a frupst dann aus der Gewënnerschossel.

Fir dass d'Kaz net eleng ass, plënnert si elo an de Café niewendrun.