No brutaler Attack zu DéifferdengEntrevue den 29. Juni

Op Facebook zirkuléiert de Moment e Video an deem e Mann op der Terrass vun engem Café zu Déifferdeng brutal zesummegeschloe gëtt.

Leschten Update: 12.06.2018, 06:16:37

© Screenshot vum Video op Facebook

Fir vill Opreegung suergt de Moment e Video, deen op Facebook zirkuléiert. An deem Video ass e Café zu Déifferdeng ze gesinn op deem senger Terrasse e Mann sëtzt, dee brutal vun zwee Männer zesummegeschloe gëtt.

Obwuel Passanten intervenéiert hunn, krut de Mann eng Rëtsch Schléi mat Hänn a Féiss of, ier d'Ugräifer sech dunn duerch d'Bascht gemaach hunn.

RTL géintiwwer gouf confirméiert, dass de Video echt ass, d'Affer wier an d'Spidol bruecht ginn an d'Police wier op der Plaz gewiescht.

Wéi de Roberto Traversini géintiwwer dem Lessentiel sot, wier eng Entrevue tëscht de Vertrieder vun der Stad, der Police, a Matarbechter vum Jugendzentrum virgesinn, fir d’Thema Gewalt unzeschwätzen. Riets ass vum 29. Juni.