134 vun 203 StëmmenUSA, Mexiko a Kanada wäerte WM 2026 organiséieren

De Mëttwoch hunn d'Member-Natioune vun der FIFA an engem Vott däitlech fir déi gemeinsam Kandidatur vun den USA, Mexiko a Kanada gestëmmt.

Leschten Update: 13.06.2018, 13:12:54

© Kirill KUDRYAVTSEV / AFP

Mat 134 vun 203 Stëmmen hunn sech d'Member-Natioune vun der FIFA de Mëttwoch fir eng WM 2026 a Kanada, den USA a Mexiko ausgeschwat.

Déi 3 Länner haten zesumme kandidéiert an sech um Enn géint Marokko duerchgesat.  
Dëst war deen eenzege Mat-Konkurrent. Hei hätten awer 9 Stadione missten nei gebaut ginn. Den Zesummeschloss aus den 3 nord- a mëttelamerikanesche Länner hat scho virdrun als Favorit gegëllt.

D'WM 2026 ass déi éischte WM, un där 48 Länner deelhuelen, dat sinn der 16 méi, wéi nach bei der WM dëst Joer.