Nei PetitiounenPéngschtdënschdeg/Feierdag, Coffee Shops a Frais d'agence

Um Internetsite vun der Chamber kann een zënter e Mëttwoch 3 nei Petitiounen ënnerschreiwen.

Leschten Update: 13.06.2018, 20:17:23

© AFP/Archives/PABLO PORCIUNCULA

Petitioun 1031

De Cannabis soll mat Hëllef vu sou genannte Coffee Shops legaliséiert ginn, dat ënner bestëmmte Konditiounen. Sou sollen et net méi wéi 5 Gramm pro Persoun ginn. D’Reserv u Cannabis am Coffee Shop dierf net iwwer 500 Gramm goen. Da soll de Verkaf u Mannerjäreger verbuede sinn an de Verkaf vun aneren Droge soll illegal bleiwen. Ausserdeem sollen am Ëmkrees vu 500 Meter vu Schoule keng Coffee Shoppe sinn. 


Dem Petitionnaire no kéint mat enger méi labberer Politik de Verkaf wéi och d’Consommatioun vu Cannabis a Coffee Shops d’Drogekriminalitéit zu Lëtzebuerg andämmen. Ausserdeem géifen d’Policebeamten domadder entlaascht ginn. Et géifen Aarbechtsplaze geschafe ginn an d’Land hätt eng weider Recettequell.

Petitioun 1026

De Péngschtdënschdeg soll zu engem gesetzleche Feierdag ginn. Dat wéinst der Iechternacher Sprangprëssessioun. Doriwwer gëtt de Moment vill diskutéiert. Dem Petitionnaire no sollt een houfreg drop sinn, datt d’Sprangprëssessioun zu Iechternach zum Unesco-Weltkulturierwe gehéiert. De Péngschtdënschdeg sollt ee schoulfräien Dag sinn, esou d’Fuerderung vum Petitionnaire.


Petitioun 1033

De Petionnaire wëll, datt d’Fraise vun enger Agence beim Loune vun engem Haus oder Wunneng vun deem bezuelt ginn, deen d’Immobilie verlount.
Déi meescht Proprietaire schaffen nämlech mat Agencen zesumme fir hir Wunneng oder hir d‘Haus ze verlounen. D’Agence wëllen da Fraise bezuelt kréien an Héicht vun engem Mount Loyer. An dat vun deem dee loune wäert. Dem Petitionnaire no wier et net fair, datt deen dee lount fir eppes bezuele misst, wat u sech de Besëtzer vum Haus oder der Wunneng an Optrag ginn huet. Well deen huet sech jo entscheet eng Agence anzestellen. Deemno misst och dësen der Agence dës Fraise bezuelen. Sou wier dat jo och an Däitschland de Fall.

Links