Fligeren an HelikopterenGeneralprouf iwwer der Avenue de la Liberté

Am Kader vun der Generalprouf sinn 2 Transportfligeren an 2 Helikopteren de Mëttwoch relativ niddereg iwwer d'Avenue de la Liberté geflunn.

Leschten Update: 13.06.2018, 12:07:06

© CHRISTOPHE ARCHAMBAULT / AFP

Wéi d'Arméi matdeelt sinn am Kader vun der Generalprouf vun der Prise d'Armes fir Nationalfeierdag 2 Fligeren an 2 Helikopteren iwwer d'Avenue de la Liberté geflunn.

Dëst waren eemol en Transportfliger vum Typ C-130 Hercules an en A400M an Helikoptere vum Typ NH-90 an MD 902.

D'Fligere sinn de Mëttwoch géint 12.00 Auer relativ niddereg iwwer d'Avenue geflunn. D'Generalprouf fir d'Detachementer um Buedem wäert den 18. Juni vun 20.30 Auer u gemaach ginn.