SchëfflengEng Persoun no Hausbrand an der Clinique

An der Nuecht vun den Dënschdeg op e Mëttwoch koum et zu engem Hausbrand zu Schëffleng, bei deem eng Persoun an d'Clinique huet misste bruecht ginn.

Leschten Update: 13.06.2018, 11:52:32

© CIS Schifflange

Wéi d'Rettungsdéngschter vu Schëffleng matdeele, gouf et an der Nuecht vun den Dënschdeg op e Mëttwoch en Hausbrand zu Schëffleng.

Eng Persoun hätt dobäi missten an d'Spidol bruecht ginn.

© CIS Schifflange


Wéi et heescht, wier d'Feier awer séier ënner Kontroll bruecht ginn an hätt nach op der Plaz, op där et ausgebrach ass, kënne geläscht ginn.