Viru Match géint PortugalSpuenien trennt sech vu Fussballnationaltrainer

Nodeems bekannt ginn ass, dass de Julen Lopetegui den Trainerposte bei Real Madrid wäert iwwerhuelen, huet den nationale Fussballverband hien erausgeworf.

Leschten Update: 13.06.2018, 14:12:00

© GABRIEL BOUYS / AFP

Zwee Deeg virum éischte WM-Match géint Portugal huet de spuenesche Fussballverband den Nationaltrainer Julen Lopetegui erausgeworf.

Grond dofir ass de Wiessel vum Trainer bei Real Madrid no der WM, dee kuerz virum Start vum Turnéier bekannt gi war.

Déi onmëttelbar Trennung vum 51-Järegen huet den nationale Verband op enger Pressekonferenz bekannt ginn. 

Trainer fir d'WM soll elo de Fernando Hierro ginn.