Mat Hand a West geséchertMatrass um Dach vum Auto transportéiert

Nëmme mat 2 Sécherheetsweste geséchert hat e Chauffer eng Matrass transportéiert. Dat huet hien um Enn 145 Euro kascht.

Leschten Update: 13.06.2018, 12:35:04

© Police

Op der Streck tëscht Stolzebuerg a Veianen ass den Dënschdeg den Owend géint 22.00 Auer der Police e Chauffer opgefall, deen eng Matrass um Dach vu sengem Auto transportéiert huet.

Vir lénks an hanne riets war d'Matrass nëmme mat enger Sécherheetswest festgebonnen.

Vir huet de Bäifuerer d'Matrass nach mat der Hand duerch d'oppe Fënster festgehalen. 145 Euro huet dëst de Chauffer um Enn kascht.