Gesetzprojet ugehollÄnnerung beim Accès zum Schoulmeeschter-Examen

Ganz vill Leit, virun allem Jofferen a Schoulmeeschteren, hate sech iwwer dës Ännerung opgereegt. Ma elo gouf den entspriechende Gesetzprojet ugeholl.

Leschten Update: 14.06.2018, 13:18:14

© Pexels

An der Chamber gouf e Mëttwoch de neie Gesetzprojet fir den Accès zum Exame fir Schoulmeeschteren ugeholl. Dës Demarche huet bei ville Leit jo fir grouss Opreegung gesuergt. Sou muss een net mi exklusiv e Studium als Joffer oder Schoulmeeschter maachen, et geet duer eppes ze studéieren, wat eng Relatioun zu der Matière huet.

Dës nei Reegelung gëllt da fir di nächst Rentrée.

Da gouf och ugeholl, datt 3 nei Europaschoulen an de Schoulsystem integréiert ginn, dat zu Klierf, zu Jonglënster an zu Munneref.



Links