PolicekontrollGeldstrofe fir Vëlosfuerer a Foussgänger

Och um Vëlo oder souguer als Foussgänger gëllen d'Reegele vum Code de la Route. E Mëttwoch hate sech puer Leit net dorunner gehalen an hu misste bezuelen.

Leschten Update: 13.06.2018, 17:08:39

© Eldoradio Archiv

E Mëttwochmuere krute 35 Vëlosfuerer an 2 Foussgänger eng Geldstrof vun der Police. Géint 1 Vëlosfuerer ass e Protokoll ausgestallt ginn. D'Vëlosfuerer waren an der Aler Avenue ënnert anerem mam Vëlo um Trottoir ënnerwee, hate wärend dem Fuere Kopfhörer un oder hunn telefonéiert. Wa kee Vëloswee gezeechent ass, muss de Vëlo op d'Strooss, sou de Rappel vun der Police. Verstéisst een dogéint gëtt et eng Geldstrof vu 74€.