RusslandOptakt vun der Fussball-WM!

Zu Moskau ass um Donneschdeg den Optakt vun der 21. Fussball-WM.

Leschten Update: 14.06.2018, 13:17:58

© AFP/Alexander NEMENOV

Zu Moskau fänkt um Donneschdeg d’Fussball-Weltmeeschterschaft un. Bei der Erëffnungszeremonie am Luschniki-Stadion trieden ënnert anerem de britesche Popstar Robbie Williams an déi russesch Sopranistin Aida Garifullina op. Um 17h00 ass dann den Upaff vum éischte Match tëscht Russland a Saudi-Arabien.









D’Fussball-WM ass déi éischte Kéier a Russland. Den Tournoi dauert bis de 15. Juli. Fir dës Zäit hunn déi russesch Autoritéiten d’Sécherheetskonditiounen drastesch verschäerft. Reese bannent dem Land gëtt limitéiert, an an den 11 WM-Stadionen gëtt d’Demonstratiounsrecht limitéiert. Am ganzen trieden 32 Ekippen bei der WM un.