Petitioun iwwert de CannabisSchonn iwwer 6.000 Ënnerschrëften!

D'Petitioun iwwert d'Legaliséierung vu Cannabis mat Hëllef vu Coffee Shops ass zënter dem 13. Juni online. Si krut well iwwer 6.000 Ënnerschrëften.

Leschten Update: 14.06.2018, 18:32:54

© dpa/AFP/Archiv/Oliver Berg

Knapp een Dag war d’Petitioun 1031 iwwert de Cannabis online, schonns krut dës iwwer 6.000 Ënnerschrëften (Stand 14.6 18h30). Genuch Ënnerschrëften also fir kënnen an der Chamber ëffentlech debattéiert ze ginn.

De Petionnaire wëll dat de Cannabis mat Hëllef vu Coffee Shops legaliséiert soll ginn, dat ënner bestëmmte Konditiounen. Sou sollen et net méi wéi 5 Gramm pro Persoun ginn. D’Reserv u Cannabis am Coffee Shop dierf net iwwer 500 Gramm goen. Da soll de Verkaf u Mannerjäreger verbuede sinn an de Verkaf vun aneren Droge soll illegal bleiwen. Ausserdeem sollen am Ëmkrees vu 500 Meter vu Schoule keng Coffee Shoppe sinn. 

Dem Petitionnaire no kéint mat enger méi labberer Politik de Verkaf wéi och d’Consommatioun vu Cannabis a Coffee Shops d’Drogekriminalitéit zu Lëtzebuerg andämmen. Ausserdeem géifen d’Policebeamten domadder entlaascht ginn. Et géifen Aarbechtsplaze geschafe ginn an d’Land hätt eng weider Recettequell.

Links