Anti-Gëft-ZenterIwwer 57.000 Uriff wéinst Vergëftung

Beim belschen Anti-Gëft-Zenter sinn d'lescht Joer iwwer 57.000 Uriff wéinst Vergëftung agaangen. Och vill Lëtzebuerger ruffe bei deem Zenter un.

Leschten Update: 14.06.2018, 14:47:09

© pexels.com

D’Lescht Joer goufe beim belschen Anti-Gëft-Zenter iwwer 57.000 Appeller registréiert. Dat ass eng Hausse vun 3,8% par Rapport zu 2016. Een Zenter wou och vill Lëtzebuerger uruffen. Vu Lëtzebuerg aus goufen et bal 500 Uriff.

Eng Progressioun déi mam Fortschrëtt vun der Technologie zesummenhänkt. Déi betraffe Leit hunn ee méi séieren Accès un Hëllef iwwer den Internet a kommen esou méi séier un déi jeeweileg concernéiert Servicen déi sech ëm Vergëftunge këmmeren.

Et geet drëms esou séier wéi méiglech un een Dokter ze kommen oder een Apdikter, deen am beschten evaluéiert op een an d’Spidol muss oder net. Meeschtens handelt et sech ëm Uriff bei deenen d’Leit falsch Medikamenter ageholl hunn oder ëm eng falsch Doséierung.

Dacks kommen och Uriff eran, bei deenen Haushaltsproduite geschléckt goufen, wéi zum Beispill Botzmëttele wéi Javel. Hei sinn awer och net ëmmer nëmme kleng Kanner betraff déi manner wéi 4 Joer hunn, well déi d’Tendenz hunn alles an de Mond ze stiechen, mee och erwuesse Leit.

Et ass also immens wichteg, datt een de richtegen Ëmgang mat deene verschidde geféierleche Substanze léiert an datt ee sech Zäit hëlt, d’Beschreiwung ze liesen.

Et soll een och dofir suergen, datt d’Medikamenter ausser Reechwäit vun de Kanner gehale ginn.

Links