A1 Héicht Waasserbëlleg110 Verstéiss bei grousser Camionskontroll

E puer Camionschaufferen hu sech net un d'Virschrëfte gehalen - dat ass en Donneschdeg de Moie am Kader vun enger Verkéierskontroll negativ opgefall.

Leschten Update: 14.06.2018, 16:02:41

© Police

En Donneschdeg de Moien huet d'Police an Zesummenaarbecht mat de Kollegen aus Däitschland eng grouss Camionskontroll op der Tréierer A1 gemaach, dat op der Héicht vu Waasserbëlleg. Bei 48 kontrolléierte Gefierer goufen et ronn 110 Verstéiss. Ganzer 12 Camionen hu missten op der Plaz immobiliséiert ginn, well d'Charge net richteg geséchert war. Bei nach eng Kéier 12 Chauffere waren d'Pabeiere net an der Rei.

© Police