HandelskrichEU-Staate stëmme fir Stroftaxen op US-Produiten

No laangem Waarden hunn d'EU-Memberstaaten en Donneschdeg den Owend eng Decisioun geholl. D'Stroftaxen op US-Importer sollen elo definitiv ëmgesat ginn.

Leschten Update: 14.06.2018, 17:15:33

© dpa/AFP/Christian Charisius

D'EU-Staaten hunn am Handelskrich mat den USA en Donneschdeg den Owend fir Stroftaxe op US-Importer gestëmmt. D'Memberlänner hunn eestëmmeg fir d'Propose vun der EU-Kommissioun gestëmmt. US-Wueren am Wäert vun 2,8 Milliounen Euro si vun de Stroftaxe betraff. D'Kommissioun wäert an de nächsten Deeg iwwert d'Ëmsetzung schwätzen an déi nächst Demarche plangen.