Onwiederen a GlëtzNei Wiederwarnung vu Meteolux

Och fir en Donneschdeg gëllt vu Meteolux eng Wiederwarnung. Vun 10h00 u klëmmt de Risk vun Onwiederen. Plazeweis kann och Glëtz erof kommen.

Leschten Update: 05.07.2018, 07:42:48

© dpa/AFP/Archiv/Patrick Pleul

Och fir en Donneschdeg huet Meteolux nees eng Wiederwarnung eraus ginn. Fir d'ganz Land gëllt deemno vun en Donneschdeg de Moien 10h00 bis nach en Donneschdeg den Owend 20h00 eng Alerte Jaune. De Wiederdéngscht warnt plazeweis virun Onwiederen. Kräfteg Reeschauere a Glëtz wieren och méiglech.

E Mëttwoch eréischt hat de Wiederdéngscht eng Wiederwarnung eraus ginn.

Hei de Message vu Meteolux:

AVIS D'ORAGES
Jeudi 10:00 à 20:00, pour tout le pays: Localement risque d'orages modérés avec d'importants cumuls de pluie en peu de temps et un risque de grésil.

© Meteolux Screenshot